Passer au contenu principal Passer au menu principal
Universal Pictures

„Handsome enough to tempt me”

Jane Austen: Wierk an Adaptatioun(en)



Eng Konferenz mam Yves Steichen & Lia Blum

Am groussen Auditoire vum opderschmelz

Op Lëtzebuergesch

Keng Reservatioun néideg





De Raum huet gewiesselt: D'Konferenz fënnt am groussen Auditoire vum Centre culturel opderschmelz statt.

Et ass eng allgemeng unerkannte Wourecht, dass den 250. Gebuertsdag vun der brittescher Schrëftstellerin Jane Austen eng Konferenz verlaangt.

Wierker ewéi „Pride and Prejudice“, „Emma“ oder „Sense and Sensibility“ waren net nëmmen zu Liefzäite vun der Schrëftstellerin beléift, mee gi bis haut vu Lieser*innen op der ganzer Welt verschlongen a gëllen als Inspiratioun fir vill Adaptatiounen an diverse Medieformen.

Op dëser Konferenz gëtt d'Jane Austen mat hirem Wierk virgestallt an an de literaturgeschichtleche Kontext gesat. Uschléissend erhaalt Dir een Iwwerbléck vun de wichtegsten Adaptatiounen, ob a Form vu Buch, Film, Serie oder anerem Medium, a kritt e Gefill dofir, wéi een Impakt d'Jane Austen haut nach op d'Welt vun der Fiktioun huet.



Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange & Centre national de l'audiovisuel