
Kannerliesung op Lëtzebuergesch
mam Sonia Thewes
Fir Kanner vu 4 Joer un
Op Lëtzebuergesch
Gratis Entrée op Reservatioun ënner 516121-250 oder op bibliotheque@dudelange.lu
D'Liesung ass ausgebucht, mir schaffe mat enger Liste d'attente.
La lecture est complet, il y a une liste d'attente.
D'Sonia Thewes liest zwou Chrëschtdagsgeschichte vir:
"E Schnuddelhong fir Chrëschtdag" & "De Jimmy - O nee! Schonn nees Chrëschtdag"
E Schnuddelhong fir Chrëschtdag
De Wollef, de Fuuss an de Wisel freeë sech op e gudde Brot fir Chrëschtdag.
Ouni ze zécken, klauen si e mockelegt Schnuddelhong a schleefen et heem bei sech. Mee déi Madamm Schnuddelhong léisst sech nach laang net alles gefalen an huet hir eegen Iddien.
Dat schéngt nawell e ganz spezielle Chrëschtdag...
Text: Nathalie Dargent
Illustratiounen: Magali le Huche
Iwwersetzung: Sonia Thewes
Verlag: PersPektiv Editions
Den Jimmy - O nee! Schonn nees Chrëschtdag
Et ass Advent. Am Dschungel freeën se sech all op Chrëschtdag. All? Nee, de Jimmy huet mat deene Feierdeeg näischt um Hutt. Nodeems hien nach eng gréng Banann giess huet, kritt en de Bauch wéi an ass just nach genervt. Ee Gléck weess säin Noper Theo, wéi hien dem Jimmy kann hëllefen. An esou feieren si awer nach all zesummen e schéine Chrëschtdag.
Text: Suzanne Lang
Illustratiounen: Max Lang
Iwwersetzung: Sonia Thewes
Verlag: PersPektiv Editions