© Samir Sam’Touch & Anne-Flore MaryErzielung fir Kanner ab 5 Joer mam Luisa Bevilacqua
Ô LUNA
O Mound, Mond, moon, lune oder luna: héich uewen am Himmel blénks du ëmmer d’selwecht fir jiddereen·t. Ob männlech oder weiblech, ob Gesiicht oder Schiet, d’Dreem déi s du eis schenks sinn onendlech. Verwandele kanns du dech an Hues, Prinzessin, Geescht oder Schwëster vun der Sonn, an ni hu mir es genuch denge Geschichten nozelauschteren.
D’Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua hëlt Kleng a Grouss op eng Entdeckungsrees mat, fir deem sëlweregen Himmelskierper méi no ze kommen.
- Erzielung fir Kanner op Lëtzebuergesch
- Ab 5 Joer
- Samschdes, den 23. Mee 2026 vun 10h30 bis 11h15
- An der Bibliothéik
D'Plaze si limitéiert
Gratis Entrée op Reservatioun:
51 61 21 250
bibliotheque@dudelange.lu
*****
La raconteuse Luisa Bevilacqua vous raconte une aventure autour de la lune.
- Conte en luxembourgeois pour enfants
- À partir de 5 ans
- Le samedi 23 mai 2026 de 10h30 à 11h15
- Dans la bibliothèque
Les places sont limitées
Entrée gratuite sur réservation :
51 61 21 250
bibliotheque@dudelange.lu