Passer au contenu principal Passer au menu principal

Een erzielten Trëppeltour

ERZIELUNG MAM BETSY DENTZER


10.07.2021 | 15:00 | Rdv an der Bibliothéik, duerno dobaussen

  • 15:00-17:00
  • Op Lëtzebuergesch
  • Fir Kanner vu 6 Joer un
  • Gratis-Entrée op Reservatioun (virum 09.07.2021)
  • Reservatioun: bibliotheque@dudelange.lu, Tel: 516121-250




Fir de Juli hu mer eis eppes e bësse méi Spezielles afale gelooss. Bei deem gudde Wieder (awer och bei schlechtem) bleiwe mir net an der Bibliothéik, mee mir maachen eis mam Betsy Dentzer op een Tour duerch Diddeleng. Spadséieregoen… langweileg, sees de? Ma nee, deen Trëppeltour ass nämlech net just fir d’Féiss, mee och fir d’Oueren. Op e puer ausgesichte Plaze bleiwe mir stoen a lauschtere Geschichten. 

Rendez-vous ass um 15h00 am Auditoire vun der Bibliothéik. No enger éischter Geschicht dobanne maache mer eis op de Wee a si spéitstens um 17h00 nees zeréck an der Bibliothéik. A wéi gesot, kee Wieder kann eis dovun ofhalen; mir huelen och gären eise Prabbeli mat.

Weideres :      et ass wichteg, sech un de Mindestalter ze halen, well de Wee extra doropshin ausgewielt gëtt. Mir kënnen och net garantéieren dass de Wee buggy-/kutschefrëndlech ass.

 

D’Betsy Dentzer huet an der “Universität der Künste” zu Berlin studéiert. Si ass fräischaffend Bühnenkënschtlerin mam Schwéierpunkt Erzielkonscht. Si ass ë.a. an der Philharmonie de Luxembourg opgetratt, an den Rotondes an an dem Wiener Konzerthaus, wou si Musik mat Geschichten an Theater kombinéiert huet.  Si schafft op villen ënnerschiddleche Projetën an Theateren an anere Kulturhaiser, mee och a Schoulen, Fräizäitariichtungen, Veräiner oder Weiderbildungsinstituter, dëst zu Lëtzebuerg an och am Ausland.



Erzielung am Kader vum Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik