
Kannerliesung op Lëtzebuergesch
mam Marc Weydert
Fir Kanner vu 4 Joer un
Op Lëtzebuergesch
Gratis Entrée op Reservatioun ënner 516121-250 oder op bibliotheque@dudelange.lu
De Marc Weydert liest seng zwee Kannerbicher "Krixkrax" an "Alarm am Geessenhaus" vir.
Krixkrax
D’Awunner vum Duerf maachen sech Suergen:
Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen an d’Kränkt schéngt sech weider op säi ganze Kierper, säin Diwwi, seng Decken an doriwwer eraus auszebreeden.
Et huet keen eng Léisung parat, weeder d’Dokteren nach soss Experten. Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen?
Mä ... wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hiren Tuerm, hir däischter Stopp?
Text: Marc Weydert, Illustratiounen: Patty Thielen
Verlag: PersPektiv Editions
Alarm am Geessenhaus
Tock, tock, tock, ’t klappt un der Dier.
Wie kënnt bei d’Geessen op Besuch?
’t ass ee Bekannten, stellt iech vir!
Dee kritt es einfach ni genuch.
„Hat hie kee Léiergeld do ginn?”,
wäert dir iech sécher froen.
Da liest dëst Buch, fir ze gesinn,
ob dat wäert riicht ausgoen.
Text: Marc Weydert, Illustratiounen: Laura Demontis
Verlag: Editions Schortgen