Passer au contenu principal Passer au menu principal

Schreif, wéi de Schniewel gewuess ass

eng kreativ Schreifrees duerch déi Lëtzebuerger Sprooch



  • Schreifatelier op Lëtzebuergesch mam Manon Della Siega am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
  • Fir Erwuessener a Jonker ab 13 Joer
  • Samschdes, de 26. September 2026 vun 14h30 bis 16h30
  • An der Diddelenger Bibliothéik
  • D'Plaze si limitéiert, gratis Entrée op Reservatioun:
    • 51 61 21 250
    • bibliotheque@dudelange.lu




Wierder kënnen danzen, Ausdréck kënnen iwwerraschen, an heiansdo verstoppt sech hannert engem klenge Saz eng ganz Geschicht.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass e klenge Schatz voll mat drolegen Iddien, faarwege Biller a witzegen Ausdréck.

An dësem Atelier sammele mir Wierder wéi kleng Schätz, dréinen se op de Kapp, ginn hinnen nei Flilleken a loossen eis vun hinnen inspiréieren. Hei dierf mat de Wierder gespillt, gelaacht, jongléiert a virun allem geschriwwe ginn – fräi, kreativ a mat vill Freed.

Komm mat op eng Rees duerch déi faarweg Welt vun de lëtzebuergesche Wierder an Ausdréck.

A schreif… wéi de Schniewel gewuess ass.



Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange