De Sébastian Thiltges liest vir:

An du koumen d'Capybaraen
Kannerliesung op Lëtzebuergesch mam Sébastian Thiltges
Fir Kanner vu 4 Joer un
Op Lëtzebuergesch
Gratis Entrée op Reservatioun ënner 516121-250 oder op bibliotheque@dudelange.lu
D'Plaze si limitéiert
An du koumen d’Capybaraen
vum Alfredo Soderguit
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Sébastian Thiltges
Deen Dag, op deem dës gelungen, grouss a buuschteg Déieren um Héngerhaff opgetaucht sinn, wosst jiddereen: NEEN! Fir déi war hei keng Plaz.
Mä d’Capybaraen hunn net kënnen heemgoen, well bei hinnen doheem d’Juegdsaison ugefaangen hat. An esou hunn d’Hénger an d’Capybarae musse léieren, mateneen eens ze ginn …
Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange