1, 2, 3 … GESCHICHTEN ERZIELUNGE MAM ISABELLE BOLLIRI
A KOLLABORATIOUN MAT INTER-ACTIONS ASBL
06.07.2021 | 14:30 | Jardin communautaire (beim Skatepark)
- Op Lëtzebuergesch / auf Deutsch / en français
- Fir Kanner vu 4-6 Joer / Pour enfants de 4 à 6 ans
- Limitéiert Plazen, Gratis-Entrée op Umeldung /Places limitées, entrée gratuite sur réservation
- Reservatioun: , Tel:
06.07.2021 - 21.09.2021
Eppes fir ze laachen, eppes fir ze staunen, eppes fir ze dreemen… D’Isabelle bréngt e Sak mat Bicher aus der Bibliothéik mat an erzielt Iech e puer flott Geschichten. Wärend dëser Erzielstonn am Fräie kënne mir ganz einfach vun enger Geschicht an déi aner sprangen an och sproochlech vu Lëtzebuergesch op Däitsch a Franséisch hopsen.Du rire, du rêve, de l’étonnement … Isabelle ramènera un sac rempli de livres et vous contera quelques belles histoires en français, en allemand ou en luxembourgeois.
D’Isabelle ass 1983 gebuer. Hatt huet zu Metz Konscht studéiert a schafft zënter 2009 an der Diddelenger Bibliothéik. D‘Isabelle huet eng Virléift fir illustréiert Bicher fir Grouss a Kleng, déi et de Kanner beim Virliese gäre vermëttelt.
Liesung fir Kanner vu 4-6 Joer am Kader vum Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik