
D'Pippi op Lëtzebuergesch
08.03.2017Den 8. März 2017 gouf et eng kleng Iwweraschung fir eng Schoulklass vum Cycle 2 vum Strutzbierg.
D'Melissa Monnet, Iwwersetzerin vum schwedeschen Kannerklassiker "Pippi Langstrumpf", war op Besuch an huet de Kanner aus hirem Buch virgelies.
E puer gutt Kichelcher, natierlech vum Pippi selwergebak, goufen et dun och nach ze schmaachen!