
"D'Insektefabrik" - en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer
Den 7. Mee 2016 um 10h00, invitéieren mir Ierch op dëst flott Theaterstéck an der Bibliothèque publique régionale Dudelange.
Inspiréiert vum Buch vum Gioconda Belli, « Die Werkstatt der Schmetterlinge »
Dauer : 50 Minutten / op Lëtzebuergesch
Dir sidd gebieden aer Plaazen an der Bibliothéik ze réservéieren, d’Virstellung as gratis, et sin just 20 Plaazen frei !
Eis Geschicht erzielt aus enger Zäit wou vill Planzen an Déieren nach drop waarden erfonnt ze ginn. Dat ass d’Aufgab vun den Erfanner, skurill Gestalten, witzeg, kreativ an fantasievoll, chaotesch a nodenklech - sou wéi Erfanner eben sinn. D’Rodolfa, eent vun den Erfannerinnen, ass besonnesch geschécklech. Hatt probéiert alles aus, mee säi gréisste Wonsch ass et e Wiesen ze erschafen, dat su schéin ass wéi eng Blumm awer fléie kann wéi e Villchen. Wäert hatt dat fäerdeg bréngen? Geet säin Dram an Erfëllung?
E poetescht Mäerchen, dat dech dreemen an hoffe léisst…
Theatergrupp MORGANA
Mat eise klenge Geschichten aus der Natur, vun Déieren a Planzen wëlle mir de Kanner an och den Erwuessenen hiert Häerz op eng spilleresch Aart a Weis beréieren an hinne weisen, datt et nëmme mat géigesäitegem Respekt méiglech ass, zesummen an eng schéin Zukunft ze kucken.