Passer au contenu principal Passer au menu principal

Sonic Comic : ee Concert an enger Bibliothéik!



De 6. Oktober 2016 um 19h00, invitéieren mir Ierch op dëse flotte Concert an der Bibliothèque publique régionale Dudelange.

Ab 10 Joer/ op Lëtzebuergesch
Dir sidd gebieden aer Plaazen an der Bibliothéik ze réservéieren, d’Virstellung as gratis, mee d'Plaazen sin limitéiert !

Ee Concert an enger Bibliothéik? Firwat? Wëll där de Stëbs vun de Bicher erof rëselen? Dat sot zulescht mäin imaginäre Frënd zu mär… Wat ee Paté! Ech hunn hien doropshin direkt aus menger Imaginatioun geläscht.

Fir d’éischt ass an der Diddelenger Bibliothéik kee Stëps op de Bicher. Dofir hunn d’Bicher och guer keng Zäit. Well se liewen an dauernd op der Rees sinn. Sou wéi hir Lieser mat hinnen. Deckel op a fort sinn se...

An dat war och d’Iddi hannert de Sonic Comics vun Dream Catcher. D’Lidder e bëssi méi déif z’erfuerschen. An déi Geheimwelt déi sech hannert de ‘Songs’ verstoppt a Comic Form z’illustréieren an ze verdéiwen.

Bei dësem spezielle Concert sti Geschichten am Virdergrond, déi iwwert déi 2 Helden (den Dad an den Junior), mä och déi vun den Auteuren, vun der Kreatioun, vun den Zoufäll, an och wéi d’Realitéit d’Imaginatioun beaflosst an heiansdo ëmgedréit.

Dream Catcher spille bei dëser Geleeënheet déi meescht Lidder, och ganz rarer, vun de Sonic Comics. A vläicht och méi, wann der se léif frot… Och Froen zu de Geschichte sinn erlaabt. An dem Comic Zeechner kënnt där och iwwert d’Schëller kucken. A vläicht ee flott Bild gewannen.

An dat an engem aussergewéinlechen, gemittlechen an intime Kader.