
Présentation du livre « Ponts culturels »
(FR) Le 3 juillet a eu lieu à la Bibliothèque publique régionale de Dudelange la présentation du livre « Ponts culturels : la diaspora portugaise de Castro Daire au Luxembourg ». Ce livre présente les témoignages d’une vingtaine de personnes vivant au Luxembourg et ayant leurs racines à Castro Daire, commune dans la région Viseu au Portugal.
Cette publication est le résultat d’une collaboration entre la Bibliothèque municipale de Castro Daire, la Lëtzebuerg City Bibliothèque, la Escher Bibliothéik et la Bibliothèque publique régionale de Dudelange ainsi que l’association culturelle Binaural Nodar.
Nous sommes ravi·es de pouvoir enfin tenir entre nos mains l’ouvrage qui a été dévoilé la semaine dernière dans les trois bibliothèques luxembourgeoises en présence d’élu·es locaux·ales et des personnes dont les témoignages figurent dans le livre. Les présentations étaient accompagnées de musique portugaise dans une ambiance conviviale.
Un grand merci à toutes les personnes et associations qui ont participé à ce projet !
Si ce sujet vous intéresse, vous pouvez obtenir gratuitement ce livre bilingue en portugais et en français – ou, bien sûr, l'emprunter – dans les bibliothèques partenaires.
***
(LU) Den 3. Juli ass an der Diddelenger Bibliothéik d’Buch "Ponts culturels : la diaspora portugaise de Castro Daire au Luxembourg" virgestallt ginn. Dëst Buch versammelt iwwert 20 Temoignagë vu Persounen, déi hei am Land wunnen an hir Wuerzelen zu Castro Daire hunn, enger portugisescher Gemeng an der Regioun Viseu.
Dës Publicatioun ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht der Bibliothéik vu Castro Daire, der Lëtzebuerg City Bibliothèque, der Escher Bibliothéik, der Diddelenger Bibliothéik an der kultureller Associatioun Binaural Nodar.
Mir sinn houfreg op dat fäerdegt Wierk, dat d’lescht Woch an den dräi Lëtzebuerger Bibliothéiken a Presenz vu lokale Mandatsdréier*innen an de Persounen, deenen hir Geschichten dora festgehale goufen, virgestallt ginn ass. D’Presentatioune waren an enger geselleger Atmosphär a goufe vu portugisescher Musek begleet.
Ee grousse Merci un all d’Participante·ën!
Wann Dir un dësem Thema interesséiert sidd, kënnt Dir dëst zweesproochegt Buch op Portugisesch a Franséisch gratis an de Partnerbibliothéike kréien oder - natierlech - ausléinen.