Passer au contenu principal Passer au menu principal

26. November : Liesung mam Ritchie Rischard "Den Cäsar ënnerwee an de Sixties"



D’Bibliothèque publique régionale vun der Stad Diddeleng invitéiert Iech häerzlech op eng

LIESUNG de 26. November 2015 um 19h00

mam RITCHIE RISCHARD

Hie liest aus sengem neie Buch « Den Cäsar ënnerwee an de Sixties » vir.
D’Liesung gëtt am Dialog mam Sabine Friederich ofgehal.


De Ritchie Rischard gouf de 26. Juli 1963 zu Diddeleng gebuer. 1997 ass hien Musekredakter bei RTL Radio Lëtzebuerg ginn. Zanter 2000 schafft hien an der Publicitéit an ass nieweberufflech nach ëmmer Musekredakter.
2012 koum mat „Den Cäsar an d‘Huesendier vu Munneref“ deen éischten Deel, an 2013 mat „Den Cäsar, verluer an der Zäit“ deen zweeten Deel vu senger Huese-Saga eraus. Elo geet et mat „Den Cäsar, ënnerwee an de Sixties“ an déi drëtt a lescht Aventure vu sengem klenge, wäisse Frënd, dem Cäsar.