Passer au contenu principal Passer au menu principal

Liesung "LITTLE ITALY" mam Ritchie Rischard

06.12.2017

e Freiden, de 15. Dezember 2017 em 19h30 am Centre de Documentations sur les Migrations humaines, Rue Gare-Usines, L-3481 Dudelange

“Little Italy“ erzielt déi fiktiv Geschicht vum Robert „Bob“ Lenz a sengen dräi Frënn Aki, Joe a Lucky, déi zu Diddeleng am „Quartier Italien“ opwuessen. Hir Kandheet gëtt grad esou vum zweete Weltkrich markéiert wéi vu villen italieneschen Emigranten, zu deene si eng enk Relatioun opbauen.

Wéi de Krich endlech eriwwer ass, bleiwen déi donkel Wolleken allerdéngs net allze laang ewech. Duerch en trageschen Tëschefall geroden déi véier Frënn op eng kriminell Bunn, vun däer se net méi erofkommen. Am Laf vun de 40er a 50er Joren entwéckelen déi jonk Borschte sech zu Gangsteren, déi am „Quartier Italien“ héije Respekt genéissen. Hire Liewensënnerhalt verdénge si sech an däer Zäit mat Prostitutioun an Drogenhandel, a wie sech hinnen an de Wee stellt, gëtt kuerzerhand liquidéiert. Mä wéi laang kann hir kriminell Karriär unhalen? Musse se net enges Daags d'Rechnung fir all hir Dote bezuelen?


De Ritchie Rischard gouf de 26. Juli 1963 zu Diddeleng gebuer. Hien schafft an der Publicitéit bei der „I.P.L“. Nieweberufflech ass hien Museksredakter bei „RTL“, hie schreift d'Texter fir „Pop History“ an de „Sunday Brunch“, a presentéiert Sonndes Mëttes de „Country-CD-Tipp“.
2012 koum mat „Den Cäsar an d’Huesendier vu Munneref“ deen éischten, 2013 mat „Den Cäsar, verluer an der Zäit“ deen zweeten, an 2015 mat „Den Cäsar ënnerwee an de Sixties“, deen drëtten Deel vu senger Cäsar-Trilogie eraus.